Vun Hannen

  • 171

Léierkrimi a lëtzebuerger Sprooch

De Polizist, den Här Schmidt, setzt mat sengem néie Kolleeg den Här Wagner, am Policeauto. Si fueren duerch d’Stroossen. Op emol kennt eng Noriicht vun der Zentral:

– Auto 27 – Melle wannechgelift!

– Hei Auto 27, äntweren eis zwee Polizisten iwwer Funk.

– Et gouf en Iwwerfall op eng Fra an der Niddeschgaass 96 gemellt. Kënnt dir direkt dohi fueren.

– Jo! Mir sinn ënnerwee. Niddeschgaass 96.


Si maachen d’Sireen an déi blo Luucht vum Policeauto un a fuere so schnell et geet op déi Adress. No e puer Minutte sinn déi 2 Polizisten op der Plaz. Si sti virun engem groussen Haus. Et ass en Appartementshaus. Virun der Dier steet eng jonk Fra a wénkt der Police ganz opgereegt.

Photo by Won Young Park on Unsplash

– Hei! Hei!, jäizt si.

Déi 2 Polizisten, den Här Schmidt an den Här Wagner, klammen aus dem Auto a gi bei déi jonk Fra.

– Bonjour, mäin Numm ass Schmidt an dat hei ass mäin Kolleeg den Här Wagner. Hutt dir eis geruff?

– Jo! äntwert si.

– Wat ass da geschitt? Braucht dir hëllef?, freet de Polizist Här Wagner. Déi 2 Poliziste kucken sech déi jonk Fra genee un.

Si ass e bëssche méi kleng wéi den Här Wagner. Si wäert knapp 1,60 Meter grouss sinn. Huet rout, laang Hoer. Si huet just en Buedmantel un. Op alle Fall gesinn si net wat se nach un huet.

Déi jonk Fra erkläert:

– Meng Mamm ass Trap erofgefall.

– Brauch si eng Ambulanz?, freet den Här Schmidt.

Do geet déi grouss Entréesdier vum Haus op an eng Fra kennt eraus. Si huet en décke bloe Fleck op der Stier.

– Nee! Ech brauch keng Ambulanz. Et geet mir gutt. Et wollt ee mech ëmbréngen. Mee Onkraut vergeet net. Gitt eran! Um 2. Stack, huelt deen Hännes mat! Ze blöd fir mech ëmzebréngen…, bierelt si.

– Madamm, berouegt iech! Erkläert eis wat geschitt ass!, seet den Här Schmidt a seet zu sengem Kolleeg:

– Ruff awer emol eng Ambulanz. Si sollen sech déi Bëlz ukucken.

– Ech brauch dach keng Ambulanz. Kuckt datt dir den Topert do uewen an de Prisong bréngt.

– Madamm, mir kennen dach net einfach esou ee mathuelen. Erkläert eis genee wat geschitt ass.

An dem Moment wou si ufänkt, ass dir nees opgaangen an et koum e Mann eraus. Hien hat eng Jeansbox un an en schwaarze Pullover. An iwwert deem ganzen hat hien e Buedmantel un.

De Mann keent eraus an hellt déi Fra mat der Blëtz an den Aarm.

– Bomi, geet et? Wat ass geschitt?

E vun den 2 Polizisten ënnerbrécht si a freet:

– Monsieur a Mesdames wien sidd dir? Kennt dir iech alleguer virstellen An eis genee erziele wat geschitt ass.

Dat jonkt Meedche fänkt un:

– Entschëllegt eis, mir si ganz opgereegt. Mäin Numm ass Julie. An dat ass mäin Brudder de Pier an hei eis Boma Jeannette. Et gouf probéiert si ëmzebréngen. De Louis huet si d’Trapen erofgestouss.

– Jo genee. Einfach vun hannen huet hie mech gestouss. Deen Drecksak.

Genau an dem Moment geet Dier nach emol op an et kennt eng Persoun an engem bloe Pyjama virun Dier.

Déi eeler Madamm, d’Boma Jeannette, sprengt dem, den aus der Dier kennt, direkt entgéint a wëll em eng op de Bak schloen a bierelt:

– Du Näischnotz, du wollts mech ëmbréngen… Souguer dofir bass du ze blöd. Ech wäert dech entierwen!

Déi 2 Poliziste gräifen an. Et soll elo kengem eppes geschéien.

– Ganz lues! Elo erzielt jidderee wat hie weess a wou hie war. An mir fänke mat iech un., seet de Polizist a wéist op d’Boma.

Si huet sech berouegt an erzielt:

– Et huet am Trapenhaus geknuppt. Do sinn ech eraus kucke gaangen. Ech si bis bei d’Trap getrëppelt an dunn huet hien… (si wéist op de Mann am Pyjama) mech gestouss. Hie wollt mech ëmbréngen! Dat huet awer net geklappt. Ech hu just eng déck Bëlz. Elo verhaft hien dach!…

– Net esou schnell. Mir musse genee wësse wat lass wat, ier mir iergendeen verhaften., äntwert ee vun de Polizisten.

– Sou elo dir… Wat kennt dir eis verzielen?, freet deen anere Polizist a wéist op den am Buedmantel, de Pier.

– Ech war am Bett. Ech hunn näischt matkritt. Ech gouf viru kuerzem duerch de Kaméidi hei bausse waakreg. A wëll ech meng léif Boma héieren hunn, sinn ech direkt erof komm.

– Mäin Léifsten, seet d’Boma, hie passt ëmmer op mech op.

– Sou elo zu iech, Här…, de Polizist weist op den Här am bloe Pyjama.

– Ech kann iech och näischt soen. Ech sinn de Louis. Ech hunn geschlof a sinn duerch är Sireen waakreg  ginn. Ech sinn eréischt virun 3 Stonnen a Bett gaangen. Ech war schaffen., erkläert hien.

– An dir Joffer, freet de Polizist, wou waart dir?

– Ech souz bei der Tëlee. Ech hunn e Film gekuckt. Ech konnt net schlofen…

– Sou, déi Häre Polizisten, elo verhaft deen do…, seet déi al Fra a wéist mam Fanger op de Louis.

– Ech weess wien et war, seet de Polizist Schmidt hellt d’Handschellen aus senger Täsch…


Weess du et och?

Wien wollt déi al Fra ëmbréngen?

Wien huet si gestouss?

Kaf dir d’Geschicht als mp3

Léierkrimi a lëtzebuerger Sprooch De Polizist, den Här Schmidt, setzt mat sengem néie Kolleeg den Här Wagner, am Policeauto. Si fueren duerch d’Stroossen. Op emol kennt eng Noriicht vun der Zentral: – Auto 27 – Melle wannechgelift! – Hei Auto 27, äntweren eis zwee Polizisten iwwer Funk. – Et gouf en Iwwerfall op eng Fra an…

Léierkrimi a lëtzebuerger Sprooch De Polizist, den Här Schmidt, setzt mat sengem néie Kolleeg den Här Wagner, am Policeauto. Si fueren duerch d’Stroossen. Op emol kennt eng Noriicht vun der Zentral: – Auto 27 – Melle wannechgelift! – Hei Auto 27, äntweren eis zwee Polizisten iwwer Funk. – Et gouf en Iwwerfall op eng Fra an…