Eng déier Auer

Léierkrimi a lëtzebuerger Sprooch

An engem Buttek ass agebrach ginn. De Polizist Här Schmidt geet dohin.

De Buttek ass an der Geschäftsstrooss. Et ass en Buttek deen deier Auere verkeeft.

De Polizist Här Schmidt kënnt bei de Buttek. De Patron vum Buttek kënnt him entgéint a seet:

– Gutt dat Dir hei sidd. Ech gouf Iwwerfall.

– Moien. Mäin Numm ass Schmidt. Wie sidd dir? A wat ass geschitt?

– Entschëllegt wannechgelift. Ech sinn den Här Orologio. Ech sinn iwwerfall ginn. Eng Auer. Deen huet eng ganz deier Auer geklaut.

– Berouegt Iech! An erzielt ganz genee wat geschitt ass!, seet de Polizist

– Ech sinn iwwerfall ginn. Fänkt den Déif!, seet den Här Orologio.

– Fir den Déif ze fänken, muss ech genau wësse wat geschitt ass.

– Ech war just kuerz op d’Bank. Do koum en Déif. De Moment war mäin Meedche ganz eleng am Buttek. Hatt hëlleft mir heiansdo., erkläert den Här Orologio.

– Dat heescht dir waart guer net selwer am Buttek?, freet de Polizist no.

– Nee, awer mäin aarmt Meedchen. Hatt war ganz eleng.

– Okay, da wëll ech mat ärem Meedche schwätzen. Wou ass hat?, freet den Polizist.

An dem Moment kennt eng jonk Fra.

– Hei, Här Polizist, mäin aarmt Meedchen, d’Manuela. Kuckt hatt ziddert nach ëmmer.

– Äre Papp huet gesot, dir waart eleng am Buttek mam Déif., freet de Polizist.

– Jo genee sou war et.

– Dann erzielt mir ganz genee wat geschitt ass! Loosst keen Detail aus! All Informatioun ka wichteg sinn.

d’Manuela fänkt un ze erzielen:

– Ech war eleng am Buttek. Mäin Papp ass op d’Bank gaangen. Op emol ass Dier opgaangen an do stoung a Mann am Buttek. Hien hat en Pullover mat enger Kaputz un. De Pullover war schwaarz. Hien hat eng donkel Blo Jeans Box un an wäiss Turnschlappen. Hien hat e Messer am Grapp a sot: “Gëff mir déi deier Auer, déi dir de Muere geliwwert krut! Direkt!”.
Ech war ganz erschreckt an hunn him déi deier Auer mat der Schachtel ginn. Si war an enger ganz schéiner Schachtel mat Tirett, verpaakt.
An dem Moment hunn ech mäin Papp gesinn. Hien ass iwwert d’Strooss komm. Den Déif huet mäin Papp och gesinn. Do ass hien hannen aus dem Haus gelaf. Ech sinn nach schnell hannendrun gelaf. Awer hie war vill ze schnell.
Den Déif huet d’Schachtel opgemaach. Hien huet d’Auer erausgeholl. Alles am lafen. Hien huet d’Schachtel einfach an eisen Haff gehäit. Do läit se elo nach.
Ech hunn näischt ugepaakt.

– Ech och net!, rifft säi Papp.

Si ginn allen dräi an de Haff.

– Do läit d’Schachtel, seet den Här Orologio.

De Polizist geet bei d’Schachtel a kuckt se sech gutt un.

Si ass aus schicken, schwaarzem Lieder. Si läit am Dreck um Buedem. Hien deet seng plastiks Händchen un an hieft déi schéi Schachtel op. Hien mëscht Tirett op. Bannen an der Schachtel ass guer näischt. Si ass wierklech eidel.

– Ech hoffen dir kritt den Déif. Et ass eng immens deier Auer. Si gouf extra op d’ Mos vir mäin Client gemaach.

– Keng Angscht, Här Orologio. Deen Déif, dee kréie mir.

Eise Polizist, den Här Schmidt, weess genee wien den Déif war.

Weess du et och?


Kaf dir d’Geschicht als mp3