Safari

  • 375

virun der Viischter Dier

Eng Safari ass dach schonn eppes Besonnesches.
Awer muss een dofir an Afrika fueren?

Nee! Ech huelen dech mat op eng Fotosafari, direkt virun denger Hausdier. Du gleefs net wéi vill Deieren sech an denger Gemeng ronderëm dreiwen an du hues se nach ni bemierkt. Ech schwätzen net vu Wierm a Mécken oder Kazen an Hënn.

Komm, krop dir däi Fotoapparat a géi eraus an den urbane Dschungel. Sich déi wëll Déieren! Pass gutt op a sich am wëllen Dschungel an an der Savanne an denger Géigend.

Wat hunn ech alles erlieft?

Déi wëllsten Déieren hunn ech viru meng Lëns kritt. Dobäi war e Léif. Ech mengen dee fillt sech immens wuel bei eis. Awer och Papageien oder Päerd hunn ech begéint.

Souguer e Wal, de Ris aus de Weltmierer, schwëmmt duerch meng Staat.

Schlaangen, souguer ganz faarweger…

Schimpansen, e Krokodil a villes méi…

Huel dir en Häerz a géi op d’Sich. Wat fënns du alles an denger Géigend?

Op alle Fall kann ech dir eppes soen. Ech hunn net gemengt esou vill wëll Déieren ze begéinen an ech hunn se bestëmmt nach net all gesinn.

Esou eng Safari kann ee roueg méi oft maachen.

Fir eng Safari muss du net wäit reesen. Kuck wat fir wëll Déieren et an denger Géigend ginn…

Fir eng Safari muss du net wäit reesen. Kuck wat fir wëll Déieren et an denger Géigend ginn…