en Zeeche vun der Léift

Bretzelsonndeg

  • 790

Bretzelsonndeg ass eng Lëtzebuerger Traditioun.
Hei kriss du dat wichtegst erkläert.

Bretzelsonndeg gëtt all Joer geféiert.

Bretzelsonndeg ass eng Lëtzebuerger Traditioun.

Bretzelsonndeg gëtt de 4. Sonndeg an der Faaschtenzäit gefeiert.

De 4. Sonndeg an der Faaschtenzäit heescht Halleffaaschten.

Bretzelsonndeg ass e Fest fir déi Verléiften.

De Mann schenkt der Fra, déi hie gär huet, eng Bretzel.

E puer Woche méi spéit, fir Ouschteren, kritt de Mann vun der Fra och en Kaddo.

Wann d’Fra de Mann och gären huet, kritt hien en Kuerf mat engem schockelas Ouschteree.

Wann d’Fra de Mann net gären huet, kritt hien en eidele Kuerf.

“Hie kritt de Kuerf” ass en Ausdrock fir en Nee an der Léift.

Awer an engem e Schaltjoer ass alles anescht.

Am Schaltjoer sinn d’Rolle vertauscht

Do verschenkt d’Fra d’Bretzel an de Mann d’Ee (oder den eidele Kuerf).


Hei gëtt d’Audio-Datei

Bretzelsonndeg ass eng Lëtzebuerger Traditioun.
Hei kriss du dat wichtegst erkläert.

Bretzelsonndeg ass eng Lëtzebuerger Traditioun.
Hei kriss du dat wichtegst erkläert.