Bircher Müsli

Bircher Müsli

  • 318

Schonn oft hu mir Bicher Müsli giess. Eemol beim Bäcker a schonn e puermol an der Vakanz. Mee wat ass dat Bircher Müsli.

De Schwäizer Dokter  Maximilian Oskar Bircher-Benner huet sech dat Rezept 1897 afale gelooss. Hien huet ëmmer Reklamm gemaach fir seng Apel-Diät-Menüe. An eben ee vu senger Rezepter nenne mir haut “Bircher-Müsli”.

Wat ass alles do dran?

Éierlech gesot, wat ass a mengem dran, well mäi Rezept ass e bësschen anescht wéi dat vun deemools.

Also a mengem sinn:

100 Gramm Huewerflacken

ee ganz gudde Schotz Mëllech

500 Jugurt

2 Äppel

an eventuell de Jus vun enger ½ Zitroun.

Korinten an Hieselnëss souvill e wëll a Loscht huet.

an e puer Stécker Déck Noss.

Wat ass eng Déck Noss? Eng Déck Noss ass op Däitsch eng Walnuss oder op Englesch e Walnut an d’Fransousen nennen dat eng noix. Dat hëlleft och net onbedéngt. Verschidde Lëtzebuerger kënnen d’Déck Noss och als Hackernoss.

Als éischt ginn d’Huewerflacke wärend op mannst engem fir e puer Stonnen an der Mëllech ageweecht.

Wann dat alles gutt gemautscht huet, geet et weider.

Schonn oft hu mir Bicher Müsli giess. Eemol beim Bäcker a schonn e puermol an der Vakanz. Mee wat ass dat Bircher Müsli. De Schwäizer Dokter  Maximilian Oskar Bircher-Benner huet sech dat Rezept 1897 afale gelooss. Hien huet ëmmer Reklamm gemaach fir seng Apel-Diät-Menüe. An eben ee vu senger Rezepter nenne mir haut “Bircher-Müsli”. Wat…