Schockela

  • 431

Léierkrimi A1

Haut ass Sonndeg.

D’Madamm Segreto wunnt zu Diddeleng an der Blummestrooss.

Si kritt eng Noriicht um Handy. Si liest.

Si geet haut an de Restaurant. Elo muss si éischter goen. Si trefft sech mat hirer Famill. Si huet haut Gebuertsdag. Si gëtt aachtasiechzeg Joer al. Si soll fir hallwer eng am Restaurant sinn.

Si deet hire bloe Mantel un a geet zur Dier eraus. Et ass elo genau zwielef Auer.

Um Wee an der Restaurant gesäit si e Meedchen.

Si freet: “Moien, wéi geet et dir?”

D’Meedchen äntwert: “Moie Madamm, mir geet et net gutt.”

“Firwat, geet et dir net gutt?”

Hatt seet: “Meng Boma huet mir Schockela geschenkt an deen ass fort. Ech hunn mech hei op d’Bänk gesat. Ech wollt eng kleng Paus maachen. Just 5 Minutten. Ech hunn de Schockela niewent mech geluecht… An elo ass e fort.”

“Hues du en giess?”

“Nee!”

Hannert der Bänk taucht op emol nach en Bouf op.

Hien schwätzt mam Meedchen: “Moien, du gesäis awer net frou aus.”

“Moie Paul, ech sinn traureg. Meng Boma huet mir Schockela geschenkt. An deen ass fort.”

De Bouf seet: “Dat ass awer Schued. Villäicht ass en geklaut ginn. Ech sinn elo eréischt mam Bus ukomm. Ech hu kee gesinn.”

D’Madamm Segreto kuckt de Bouf a seet: “Da réckel direkt de Schockela eraus! Du hues e geklaut!”

Huet de Bouf de Schockela geklaut?

Huel dir d’Geschicht als mp3

Léierkrimi A1 Haut ass Sonndeg. D’Madamm Segreto wunnt zu Diddeleng an der Blummestrooss. Si kritt eng Noriicht um Handy. Si liest. Si geet haut an de Restaurant. Elo muss si éischter goen. Si trefft sech mat hirer Famill. Si huet haut Gebuertsdag. Si gëtt aachtasiechzeg Joer al. Si soll fir hallwer eng am Restaurant sinn.…