Iwwerfall

  • 139

Léierkrimi a lëtzebuerger Sprooch

Bei der Police schellt den Telefon.

– Moien, dir hutt bei der Police ugeruff. Mäin Numm ass Schmidt. Wéi kann ech Iech hëllefen?, seet de jonke Polizist, deen den Telefon opgehuewen huet.

– Schnell, kommt bei eis! Mir goufen iwwerfall. Seet eng Persoun ganz nervös.

De Polizist reagéiert ganz schnell a freet:

– Wie sidd dir? Wéi ass ären Numm?

– Jo… Ech sinn de Gerant vun der Bank am Duerf. Mäin Numm ass Weber. Kommt schnell!

– Mir sinn ënnerwee!


De Polizist Schmidt, rifft seng Kolleegen. Zu 6 fueren si. Si klammen an 3 Autoen. Si maachen d’Sireenen un a fuere ganz schnell a Richtung Bank. Bei de roude Luuchten an de Kräizunge bleiwen si net stoen.

No e puer Minutte stinn si virun der Bank.

De Kommissär geet an’t Bank eran. De jonke Polizist Schmidt geet mat him.


De Gerant vun der Bank, den Här Weber, kennt den 2 entgéint. Hien ass ganz nervös.

– Gutt, datt dir hei sidd? Mir goufen iwwerfall., seet den Här Weber

– Erzielt eis wat geschitt ass!, seet de Kommissär. De jonke Polizist Schmidt lauschtert gutt no.

Den Gerant erzielt:

– Um 8 Auer hu mir d’Bank opgespaart. Et koum direkt 1 Client. De Client koum bei mäin Guichet an huet mir en Ziedel op de Guichet geluecht. Dann huet de Mann e Revolver aus der Täsch geholl.

– Hutt dir den Ziedel?, freet de Polizist.

– Jo, natierlech. E läit nach um Guichet. Ech hunn en net ugepaakt.

De Kommissär geet bei de Guichet. Hien deet Händchen un. Hëlt den Ziedel a mëscht en an eng duerchsiichteg Tut. Dann liest hie vir:

– Wien war nach an der Bank?, freet de Kommissär.
– Keen, ech war ganz eleng.
– Eis Kolleege sichen no Spueren. Wann si fäerdeg sinn kennt dir d’Bank nees opmaachen., erkläert den
Kommissär a freet:
– Kennt dir de Bandit beschreiwen?
– Jo!
Et war e Mann.
Grouss. Bestëmmt 1,80 Meter
Hien hat blond Hoer, mee ech mengen et ware falscher. Et war eng Paréck.
Hien hat eng ganz komesch, deck Nues.
E war ganz schwaarz ugedoen.
An hien hat eng schwaarz chirurgesch Mask un.
An hien hat brong Aen.
– Här Weber, mir mëllen eis bei iech. Mir fannen den Déif., seet de Kommissär.

Am spéiden Nomëtteg kritt de Kommissär eng Email mat Informatiounen, wat fir Spuere fonnt goufen.

De Kommissär liest de Mail a sprengt op a jäizt:
– Schmidt, komm! Ech weess wien de Raiber ass.

Weess du et och?


Kaf dir d’Geschicht als mp3

Léierkrimi a lëtzebuerger Sprooch Bei der Police schellt den Telefon. – Moien, dir hutt bei der Police ugeruff. Mäin Numm ass Schmidt. Wéi kann ech Iech hëllefen?, seet de jonke Polizist, deen den Telefon opgehuewen huet. – Schnell, kommt bei eis! Mir goufen iwwerfall. Seet eng Persoun ganz nervös. De Polizist reagéiert ganz schnell a…

Léierkrimi a lëtzebuerger Sprooch Bei der Police schellt den Telefon. – Moien, dir hutt bei der Police ugeruff. Mäin Numm ass Schmidt. Wéi kann ech Iech hëllefen?, seet de jonke Polizist, deen den Telefon opgehuewen huet. – Schnell, kommt bei eis! Mir goufen iwwerfall. Seet eng Persoun ganz nervös. De Polizist reagéiert ganz schnell a…