Rezept: Glace

  • 108

Glace, wien huet se net gären? Also ech kenne keen! Meng Kanner soueren ëmmer, fir der nees selwer ze maachen. An ech muss soen, Glace selwer maachen ass wierklech einfach. Dofir soen ech Iech haut hei wéi mir se doheem maachen. Eventuell inspiréieren ech Iech jo et och emol auszetesten!😀

Ech hunn e Rezept fir eng Vanillsglace a jeenodeem wat mir doheem hunn maachen ech aus der Vanillsglace eng aner lecker Glace. Et ass wierklech mega einfach. An et muss een och net onbedéngt eng extra Glace-Maschinn hunn. Ech muss hei awer éierlech sinn: mat der Glace-Maschinn schmaacht se eng kleng Grëtz besser – se ass eng Grimmel méi crèmech.

Wat mir fir d’Vanillsglace brauchen:

  • 1 Eegiel
  • 350 ml Ram
  • 150 ml Mëllech
  • 4 Iesläffel. Zocker
  • 2 Iesläffel oder 1-2 Päckche Vanillszocker
  • Muerch aus enger Vanill-Schot.

Tipp: Ech maache mir mäin Vanillszocker ëmmer selwer. Meng eidel Vanille-Schote leeën ech mat Zocker an en proppert Glas mat Schraufdeckel. No e puer Deeg huet den Zocker de Goût ugeholl an ech hunn Vanillszocker.

Wéi mir se maachen:

Den Zocker mam Vanillszocker mëschen a mam Ee gutt schloen, dh mam Mixer mixen…

Dann d’Mëllech an d’Ram dobäi schëdden an och gutt mixen. Hei kann een se roueg e bëssche méi laang mixen, da gëtt d’Mass méi lëfteg.

Alles an eng Glace-Maschinn schëdden a doranner ofkille loossen. (All Maschinn ass anescht, dofir kuckt wéi Är funktionéiert)

Mee keng Angscht! Dëst Rezept geet wéi gesot och, wann Dir keng esou eng Maschinn hutt. Heifir schëtt een de Mix an eng Schossel a leet déi d’Äisfach. Opgepasst! Hei ass et da ganz wichteg, dass een se all 15 Minutte kräfteg réiere geet.

An elo nach en Tipp! Déi flësseg Mass, kann ee wéi schonns ugedeit, och als Basis fir all méiglech Glace huelen, zum Beispill kann een Äerdbier oder Hammbier tripsen an déi mat drënner réieren. Oder och Schockelasstécker fir eng Stracciatella.

Mat dësem Rezept kanns du quasi all Glace maachen… 😀 Vill Spaass!🙂

Glace, wien huet se net gären? Also ech kenne keen! Meng Kanner soueren ëmmer, fir der nees selwer ze maachen. An ech muss soen, Glace selwer maachen ass wierklech einfach. Dofir soen ech Iech haut hei wéi mir se doheem maachen. Eventuell inspiréieren ech Iech jo et och emol auszetesten!😀 Ech hunn e Rezept fir…

Glace, wien huet se net gären? Also ech kenne keen! Meng Kanner soueren ëmmer, fir der nees selwer ze maachen. An ech muss soen, Glace selwer maachen ass wierklech einfach. Dofir soen ech Iech haut hei wéi mir se doheem maachen. Eventuell inspiréieren ech Iech jo et och emol auszetesten!😀 Ech hunn e Rezept fir…