Chrëschtdag-Gebäck

  • 404

Wat brauchs du fir den Deeg?

250 Gramm Miel

125 Gramm Botter

60 Gramm Zocker

1 Péitschen Salz

(Péitsche: eng Péitsch ass eng ganz bësschen)

1 Ee

Wat brauchs du soss nach?

Eng Schossel

Frëschhaltefolie

Eng Deegrull

E puer Ausstiechformen

E bëssche Miel

Wéi méchs du den Deeg?

Den Deeg maachen ass ganz einfach.

Gëff alles an eng grouss Schossel.

Mësch alles gutt mateneen.

Maach aus dem Deeg eng déck Knupp.

Pack d’Knupp an eng Frëschhalte-Folie.

Lee den Deeg elo fir eng Stonn an de Frigo.

Wéi méchs du Plätzercher

No enger Stonn hëls du d’Frëschhaltefolie erof.

Matt enger Deegrull méchs du den Deeg platt.

Duerno stéchs du deng Kichelcher aus.

Du lees e Bakpabeier op en Bakblech

Du lees d ’Kichelcher op de Bakpabeier.

Da baaks du deng Kichelcher fir 15 Minutte bei 180°C am Bakuewen.

Optiounen

Et gi vill Méiglechkeete fir d’Kichelcher nach besser ze maachen.

Mat Zocker usträichen

Huel e bësschen Pudderzocker mat e puer Drëpsen Zitrounejus.

Mat dem zéien Zocker-Jus-Mix kanns du deng Kichelcher usträichen.

Soulaang den Zocker net dréchen ass, kanns du och nach Zocker- oder Schockelasstreisel drop maachen.

Däischter Kichelcher

Du kanns den Deeg ganz einfach däischter maachen.

Wéi?

Ganz einfach.

Mësch 1 Téiläffel Schocki an den Deeg.

Ronn Kichelcher

Du kanns och ganz einfach ronn Kichelcher maachen.

Dofir brauchs du keng Ausstiechform.

Form mam Deeg eng Wurscht.

An da schneit einfach Tranchen of.

A schonn ass de Kichelche fäerdeg fir an de Bakuewen.

Wann s du Deeg aus 2 Faarwen hues.

Zum Beispill hellen an donkelen Deeg.

Da rull all Deeg aus.

Lee se openeen.

Form eng Wurscht.

Schneit Tranchen

An dann an de Bakuewen domadder.

Wat brauchs du fir den Deeg? 250 Gramm Miel 125 Gramm Botter 60 Gramm Zocker 1 Péitschen Salz (Péitsche: eng Péitsch ass eng ganz bësschen) 1 Ee Wat brauchs du soss nach? Eng Schossel Frëschhaltefolie Eng Deegrull E puer Ausstiechformen E bëssche Miel Wéi méchs du den Deeg? Den Deeg maachen ass ganz einfach. Gëff…

Wat brauchs du fir den Deeg? 250 Gramm Miel 125 Gramm Botter 60 Gramm Zocker 1 Péitschen Salz (Péitsche: eng Péitsch ass eng ganz bësschen) 1 Ee Wat brauchs du soss nach? Eng Schossel Frëschhaltefolie Eng Deegrull E puer Ausstiechformen E bëssche Miel Wéi méchs du den Deeg? Den Deeg maachen ass ganz einfach. Gëff…