Rezept fir 6 bis 9: Boxemännchen

  • 424

Du brauchs:

  • 500 Gramm Miel
  • 2 Eeër
  • 100 Gramm Botter

Huel de Botter fréi aus dem Frigo!

Looss de Botter stoen

De Botter soll waarm sinn

  • 2-3 Iessläffelen Zocker
  • 20 Gramm frësch Hief
  • 0,2 Liter Mëllech

Den Deeg

Schëtt alles an eng grouss Schossel!

Mësch alles!

Mësch alles wärend e puer Minutten.

Elo hues du eng Knupp Deeg.

Den Deeg brauch elo eng Paus.

Looss den Deeg fir 30 Minutten seng Rou.

No den 30 Minutten:

Den Deeg ass elo opgaangen.

Maach aus dem Deeg 6 bis 9 gläich grouss Portiounen.

Maach 6 Portioune wann s du méi grouss Boxemännercher wëlls.

Maach 9 Portioune wann s du méi kleng Boxemännercher wëlls.

Maach aus all Portioun eng Bull.

Maach aus all Bull en Staang.

Huel e Messer.

Schneid 3 mol an all Staang a form dann de Boxemännchen.

Um Bild gesäis du wéi s du déi Staangen aschneide solls.

Looss den Deeg nach emol fir 20-30 Minutte rouen

Baken

Maach de Bakuewen un.

Stell 180°C Ëmloft an.

Waart bis de Bakuewen 180°C huet.

Baack deng Boxemännercher fir 25 bis 30 Minutten.

Looss der et schmaachen.

Du brauchs: Huel de Botter fréi aus dem Frigo! Looss de Botter stoen De Botter soll waarm sinn Den Deeg Schëtt alles an eng grouss Schossel! Mësch alles! Mësch alles wärend e puer Minutten. Elo hues du eng Knupp Deeg. Den Deeg brauch elo eng Paus. Looss den Deeg fir 30 Minutten seng Rou. No…