Bicher

Du wëlls Lëtzebuergesch üben?

Et ass schwéier Lëtzebuergesch ze üben. Am Alldag wiesselt ee gäre an eng aner Sprooch. Mee et gëtt och eng sëllegen flott Méiglechkeeten d'Sprooch ze üben. Hei e puer Beispiller:

Fernsee

Capitani ass eng spannend Serie op Netflix déi eng Lëtzebuergesch Tounspuer huet. An do kanns du och den Ënnertitel aschalten.

Op RTL Play kanns du eng sëllegen Filmer, Dokumentaire a villes méi op Lëtzebuergesch kucken. Hei fënns du zu all Theema e flotte Film.

Lauschteren

E Lauschterbuch vu mir an dem Ben : Frederik, wou si mir?

E flott Kannerbuch mat CD: E ganz wäisse Papagei

Mini-Krimie fir selwer ze léisen fënns du hei op menger Säit :

Zu Diddeleng gëtt de Lauschterwanderwee mat 10 Geschichten op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch a Gebärdesprooch déi s du am Bësch lauschtere kanns.

Den Eldoradio huet och en Réi flott Podcasten

Den INLL huet och e Podcast: Potterkëscht