Chrëchtdagsgebäck

Material:
- 250 gr Miel
- 125 gr Botter
- 60 gr Zocker
- 1 Pëitche Salz
- 1 Ee
- 1 Zoppeläffel Kakaospudder
- 2 Amaachtuten
- e puer Ausstechformen
- 1 Deegrull
- 1 Schéier
- 1 Schossel
- 1 Bakfolie
Rezept
Huel alleguerten d’Saachen, ausser dem Kakaospudder, a kniet alles gutt duerch. Dann hëls du ongeféier d’Halschent vum Deeg a mëschs dee mam Kakaospudder.
Da lees de déi zwou Knuppen Deeg an d’Plastikstuten a fir op d’mannst eng hallef Stonn an de Frigo.
No dëser Zäit hëls de déi zwou Tute mam Deeg aus dem Frigo a probéiers den Deeg an der Tut esou platt wéi méiglech ze drécken, ze schloen oder mat der Deegrull plattzerullen. Wann den Deeg da schéi platt ass, schneits de mat enger Schéier d’Tut op an du stéchs mat dengem Ausstechformen Kichelcher aus.
Wann s de de ganzen Deeg verschafft hues, lees de d’Stécker op eng Bakfolie op de Bakblech. Dann an de Schäffchen a bei ongeféier 180 bis 200 Grad 10 Minutte baken. Nom Ofkillen da gutt schmaache loossen.
