Lëtzebuergesch

Boxemännchen

 Lëtzebuerger Traditioun um Teller vum Kleeschen

De Boxemännchen, de Kuchemännchen oder wéi se och soss nach am Ländchen heeschen. Traditionell bréngt de Kleeschen dat gutt Gebäck. Mir kréien se elo schonns beim Bäcker oder awer mir maachen eis eege. Déi schmaachen am allerbeschten a et ass och keng Hexerei.

Mir brauchen:

100 gr. Botter
2 Ee
1 Päck’chen Hief
500 gr. Miel
40 gr. Zocker
250 ml Mëllech
20 gr. Puddezocker
e bësschen Waasser

A lass geet et

Als éischt schmëlze mer eise Botter. Am einfachsten a schnellste geet dat an der Mikrowell, natierlech kanns ‘te awer och eng Kasserolle huelen.

Da schëdde mir d ‘Miel, den Zocker an ee Pack Hief (7 gr.) an eng grouss Schossel. Dobäi kommen dann nach de ¼ Liter Mëllech, 1 Ee an de geschmolte Botter.

Elo mësche mir dat alles ganz gutt bis mir eng deck Knupp Deeg hunn. Am beschte geet dat mat enger Maschinn, e Stabmixer (mat Knethaken) den och Deeg maache kann oder enger moderner Kichemaschinn.

An da lees du en Duch iwwert deng Schossel a stells se fir ob mannst eng hallef Stonn ob eng waarm Plaz. Tipp: Fréier huet meng Boma den Deeg einfach ob en Heizkierper gestallt a den deck opgedréint. Wann dat bei dir net geet stell d ‘Schossel mam Deeg an de Bakuewe bei der nidderegster Temperatur (oft 30°C).

Duerno deels du den Deeg an ongeféier 8 gläich grouss Portiounen op. All Portioun dréins te an der Hand zu enger Bull. Wann ‘s du eng flott Bull hues da mëschten aus där eng déck Wurscht. Déi lees du ob e Bakblech (am beschte mat Bakpabeier) an drécks se e bëssche platt.

Elo hu mir just 8 platt gedréckt Wurschten um Bakblech léie, aus deene forme mir elo de Boxemännchen. Dofir brauche mir dann e Messer. Elo schneide mir hien a Form. Als éischt e Schnatt tëschen d ‘Been. Dann ob all Säit 2 Schnëtt fir den Aarm an de Kapp. De Kapp muss du e bëssche mat de Fanger a Form bréngen.

Dat Ee dat nach iwwereg ass, klapps du elo gutt op. A pinsels dann all eis Männercher vu Kapp bis Fouss. Vergiess net genuch Plaz ze loossen tëschen de Männercher.

Da loosse mir si nach emol gemittlech zur Rou kommen, dat se nach méi lëfteg ginn. A da geet et, fir 20 bis 25 Minutten an de Bakuewe, bei 180°C (net vir gewiermt).

An der Zwëschenzäit mësche mir eise Pudderzocker mat e bëssche Waasser.

Esoubal eis Boxemännercher aus dem Bakuewe komme leeë mir se ob e Kucheblech dat se gutt ofkille kennen. Elo bepinsele mir se nach anstänneg mam Zockerwaasser.

An dann...

Mat Optiounen:

A wie wëll kann och e puer Stécker graff gehaakte Schockela oder e puer Korinten. mat an den Deeg verschaffen

... gudden Appetit!

Nach eng kleng Informatioun. Eis Männercher kaschten ongeféier 40 Cent pro Stéck, do ass och d’Elektresch fir de Bakuewe mat dobäi.