Lauschterwanderwee

Lauschterwanderwee

  • 106

Pünktlech fir de Summer geet zu Butschebuerg (e Quartier vun Diddeleng) e neie Wanderwee op. Awer dëse Wanderwee ass net wéi vill Aneren. Deen heite Wee ass ganz speziell.

Den Numm Butschebuerg verréit et schonn: héi um Bierg gëtt et eng Buerg. An do wou et Buerge gouf, do ass meeschtens dem Däiwel och de Sak opgefuer. Ronderëm Buerge ginn et ëmmer déi bossegst Geschichten. An där ginn et der hei um Wee ze héieren.

Als Auteur vu Kannerbicher (an héi als Blogger) hunn ech dierften eng Geschicht schreiwen, déi dir elo op dësem Wee erliewen a lauschteren dierft. Déi Geschichte gëtt a 4 Sprooche verzielt. Wat fir Sproochen? Geschichte ginn op LëtzebuergeschDäitschFranséisch an a Gebäerdesprooch erzielt.

Wéi funktionéiert dat?

Lass geet et zu Butschebuerg op der Place Gymnisch.

Niewent dem Ritter, dee scho säit Joerzéngten hei Wuecht hält, steet e Schëld mat flotte Biller an enger Rei QR-Codë. Wann dir en QR-Code scannt erwächen eis Helden aus der Geschicht a verzielen iech op 10 Statioune Seeche ronderëm d’Buerg.

Op all Schëld ass ee QR-Code dee keng Geschicht verzielt, mee dee verréit wou et weider geet.

Du brauchs däi Smartphone an 1 bis 2 Stonnen Zäit, fir déi 1,7 km mat 10 Statiounen, ze trëppelen an ze lauschteren.

Wéi, wat, wou?

Den neie Wanderwee riicht sech u kleng Leit, awer natierlech och där Grousser, déi e flotten Nomëtteg am Bësch verbrénge wëllen. Eng Rei Geschichte lauschtere wëllen an dobäi eng Prinzessin sichen.

Eng vun de Geschichten ass och e bëssche méi grujeleg. Mee keng Angscht! Ier de makaberen Deel kennt, gëtt ee gewarnt an et kann een dann ophale mat lauschteren an déi Geschicht einfach iwwersprangen. Et soll jo kee nom Trëppeltour schlecht schlofen.

Wéi funktionéiert dat ganz? U sech ass et net immens komplizéiert. Op all Statioun ass en Panneau, mat engem immens flott gemoolte Bild an enger Rei QR-Codë. All Code erkläert sech e bëssche vum selwen. Du scanns ee QR-Code vun der Geschicht, mat dengem Handy, a kriss déi da verzielt. Du kanns se sou oft lauschtere wéis du wëlls an och a verschiddene Sproochen. A wann s du da fäerdeg bass, scanns du de fënnefte Code an dee wéist dir eng Kaart mam Wee fir op déi nächst Statioun.

Ganz einfach!

Dat wichtegst ass awer wou et lass geet. Ma et geet zu Diddeleng, uewen zu Butschebuerg op der Place Gymnisch lass. Do kann een och esouguer den Auto parken. Déi éischt puer honnert Meter ginn nach iwwert d’Strooss. Mee net laang, da geet et an de Bësch.

Wann s du ee kenns dee guer net gutt héiert awer Gebäerdesprooch beherrscht, de kann och mat wanderen. All Geschicht gëtt och an der Gebäerdesprooch verzielt.

De Wee ass awer net ëmmer ganz einfach. Jonkt Been paken de Wee ouni Problem. Awer vläicht musse méi Aler sech heiansdo erblosen. Dofir ass bei all Statioun eng Bänk.

Komm op Diddeleng an erlief des néit Abenteuer!

Pünktlech fir de Summer geet zu Butschebuerg (e Quartier vun Diddeleng) e neie Wanderwee op. Awer dëse Wanderwee ass net wéi vill Aneren. Deen heite Wee ass ganz speziell. Den Numm Butschebuerg verréit et schonn: héi um Bierg gëtt et eng Buerg. An do wou et Buerge gouf, do ass meeschtens dem Däiwel och de…

Pünktlech fir de Summer geet zu Butschebuerg (e Quartier vun Diddeleng) e neie Wanderwee op. Awer dëse Wanderwee ass net wéi vill Aneren. Deen heite Wee ass ganz speziell. Den Numm Butschebuerg verréit et schonn: héi um Bierg gëtt et eng Buerg. An do wou et Buerge gouf, do ass meeschtens dem Däiwel och de…