Baguette

Eng frësch Baguette ass dach ëmmer eppes Guddes. Déi léist all Häerz méi schnell klappen... 

Eng Baguette ass awer oft, net dat einfachst Rezept. Ech hunn der scho muncher probéiert ze baken an et huet net ëmmer geklappt. Ëmsou méi paff a skeptesch war ech, wou ech en ganz einfacht a schnellt Rezept fonnt hunn. Net faul hunn ech dës da getest. Bis ech dra gebass hunn, war ech net dovunner iwwerzeegt. Mee... Des magesch Baguette ass mega. Jiddereen deen Brout a Bréidercher baakt, gleeft et eréischt wann en et probéiert huet. 

Rezept fir 2 mëttel Baguetten, déi an en normalen Uewe passen: 

  • 380g Miel 550er 
  • 10g Hief 
  • 300ml Waasser 
  • 5 gr. Zocker 
  • 7 gr. Salz 

A wéi gëtt elo doraus eng Baguette? 

Einfach alles gutt mëschen a knieden. Ech maachen dat mat der Kichemaschinn, sou ongeféier 5 Minutten. 

Dann den Deeg zou decken an 2 Stonne seng Rou loossen. 

No deenen 2 Stonnen ass den Deeg opgaangen an en ass immens mëll, naass. En ass guer net wéi een sech esou en gudden Broutdeeg virstellt. Et ass éischter en papeg Mass. 

An dat ass och genau richteg. Elo ass et immens wichteg den Deeg net zevill ze beschafen. Mee dee kennt esou einfach, an 2 Portiounen, ob en Baguette-Bakblech. Okay, ech muss et zouginn et ass net esou einfach. Wann et ze schwéier ass, huelt roueg Miel zu hëllef, da pecht den Deeg och manner. 

An dann geet dat just nach fir 25 Minutten, bei 240°C, an den vir gewierten Uewen. Am beschte benotzt dir Heißluft. 

Et voilà: e Resultat... zwou immens lëfteg Baguetten... 

An héi als Video bei Youtube